"Coaching
en Wee zu
méi Kloerheet
an Liichtegkeet
an ärem Liewen.
D'Vertrauen an är eegen Fähegkeeten stärken.
Matt engem néien Bléck aaner Méiglegkeeten entdecken, an se
Schrëtt fier Schrëtt emsëtzen."
Zentréiert,
matt ärer Mëtt verbonnen
an frëschem Courage ennerwee
Coaching ass en Entwecklungs-prozess
Méi ënner Rou & KLoerHeet
Et ass mer wichteg ärt Vertrauen ze honoréiren, esou datt Dier an engem Coaching erem zu ären eegenen Stärkten (Ressourcen) kënnt fannen, vleit nei Ressourcen (“Kraftquellen”) entdeckt, fier är nächst Schrëtt op ärem Liewens-Wee matt méi Liichtegkeet an Zouversiicht ze maan.
Ech offréiren Iech en opend Ouer ouni Jugement, Froen an engem secheren Cader, esou datt Dier kennt kucken waat de Moment wierklech wichteg fier Iech ass.
Esou kennt Dier Ressourcen an Fähegkeeten erem néi entdecken an méi bei Iech selwer ukommen, Iech matt “ärer Mëtt verbannen”.
Zesummen exploréiren mer är Gedanken- an Gefillswelt, fier verschiddenes ze entwurrelen an esou de Raum op ze maan, hin zu méi Kloerheet.
Matt engem Gefill vun Liichtegket an festem Buedem ennert de Féiss, kennt Dier dann matt méi Zouversiicht an Gelossenheet, är nächst Schrett maan.
in a Nutshell
my Philosophy of Life

ALIVE
CONFIDENT
CONNECTED
“Be yourself,
no matter what they say.”
– a line in Sting’s song,
An Englishman in New York
Coaching ass en Entwecklungs-prozess

Wéi ech zesummen schaffen gesinn ?
Zesummen schaffen, well zwee Léit sech begéinen an bereed sinn sech op d’Gespréich an deen Prozess an ze loossen.
Daat begleetend Ennerwee sinn, an engem geschützten Cader, gëtt den Menschen d’Méiglekeet, bannen drann rem e bessen zur Rouh ze kommen an dann gëtt den Kapp och rem mei freih.
Dee Moment kennen mer och zesummen Ideen sammelen, esou datt Dier matt néiem Courage är nächst Schrett wielt.

Wéini ? a Wou ?
Méindes – Freides
10:30 – 20:00
Samsdes
10:30 – 15:00
An mengem Raum zu Rodange
online oder iwer Telefon

Wéi laang ?
Et ass mer wichteg Iech eng Méiglegkeet ze ginn, Iech an Rouh, ouni Zeitdrock aus ze schwetzen oder och iwert interaktiv Methoden verschiddenes ze erfaassen oder ze verdéiwen.
Oft sinn mer esou eng 90 min an engem Gespréich ennerwee.
Wei oft mer eis gesinn, an och iwert wei eng Zeitdaurer, daat kuuken mer zesummen. Verschiddenes léist sech no e puer Gespréicher, an aaneren Situatiounen ass et engem Mensch vléit wichteg iwert eng länger Zeit op eng Begleedung kenn zerëckzegreifen.
open FRoen ?
All Rees Fänkt
mam Éischten
SchrËTT unn
Ech hunn hei op der Webséit just kuerz an kompakt e puer Grond-idéen an Informatiounen präsentéiert.
Ech invitéeiren Iech hërzlech Iech, matt ären Froen oder Idden bei mier ze mëllen.
Ech fréen mech vun Iech ze héiren. Mer kennen dann zesummen kucken op et fier eis Béid passt an op et Senn mecht fier eis en éischten Rendez-vous zesummen aus ze maan.
Loosst mer weg en Message via
Telefon (répondeur) : 50 89 63

Méin WEE
Méin Wee huet mech iwert d’Aarbecht bei enger Bank zu engem Psychologie-Studium (Master-Diplom, 2003) an der Aarbecht an psycho-sozialen Kontexter gefouert.
Dest haat gudd bei mech gepasst, well ech esou wuel meng staark mental, rational analytesch Fähegkeeten, wéi meng Sensibilitéit konnt notzen fier dee Mensch matt deem ech am Gespréich war ze erfaassen an ze verstoen. Als Formatrice an der beruflecher an perséinlecher Erwuessenen-Bildung hunn ech Gruppen geleed.
Waat mer allerding an deer Arbecht gefeelt huet, war déi direkt Aarbecht och mam Kierper. Esou hunn ech 2014 meng Shiatsu-formatioun ugefaangen, am Januar 2019 hun ech d’Certificatioun zum Iokaï-Shiatsu Practioner gemaat.

Meng Diplomer an Zousatz-Ausbildungen
MEng Qualificatiounen

DESS* PSychOLogie EConomique
- UniVersité de ReiMS, Champagne-ArdeNNES
No mengem Studium, hunn ech an der Formatioun an an der Beroodung matt Erwuessenen am psychosozialen Sekteur geschafft. Esouwuel matt Gruppen, wei matt eenzelnen Menschen.
*DESS – Diplôme d’Etudes Supérieures Spécialisées, en Studienparcours vun 5 Joer an der Psychologie.

ZouSÄtzlech Formatiounen
No der Uni, hunn eng Reih mei praktesch Weiderbildungen am Beréich Gespréichsféirung gemaat. Esou datt ech Mesnchen kann an ennerschiddlechen Liewenssituatioune, kann komptent matt engem openen Ouer and hellefréichen Froen zu Séit stoen.
“Gestaltpädagogie” ( IGPBS asbl), “Systemische Therapie und Beratung ( SGST e.V.)” an och eng Weiderbildungen fier matt jonken Léit ze schaffen.

Eng ganzheetlech Approche ?
Am Shiatsu hunn ech eng Philosophie an Techniken entdeckt fier och direkt iwert Kierperaarbecht matt Léit ze schaffen.
Ech hun dei d’Ausbildung am September 2014 ugefaangen an am Januar 2019, d’Certificatioun zum “Qualified Shiatsu Practioner” am Iokaï-Shiatsu gemaat.
Den gemeinsamen Nenner bei mengem Wee an menger Aarbecht : am openen Kontakt vun Mensch zu Mensch, eng hellëfreich an sennvoll Zesummen-aarbecht erméiglegen.

