Gelossenheet

an  Vitalitéit 

 

Relaxation  an

Sech gudd spieren

Shiatsu for you

Maud Swiontek
L-4815 Rodange
tel: 50 89 63
eng Vue vu mengem Shiatsu-Raum zu Rodange

??? Shi atsu

Shi  – Fanger

atsu – Drock

Japanesch fier Drock (Upaaken) mam Domm, matt den Fanger

 Shiatsu, fonctionnéiert  op den selwechten Prinzipien wei Acupunktur, ouni Noolen ze gebrauchen.


Shiatsu
eng ganzheetlech Approche
fier sech gudd ze spieren
dei op aalem asiateschem Wëssen baséiert

Gudd fier ?

energetesch mei ausgeglach

Am Shiatsu ( Drock/ Haalen mam Domm, den Fanger) gebrauchen mer haaptsächlech eis Hänn, fier eisem Shiatsu- partner ze hellefen Spannungen ze lĂ©isen an esou zu engem mei Ă©quilibrĂ©ierten Floss vun senger “vitaler Energie” ze fannen.

An engem Shiatsu kann eng dĂ©if Entspaanung enstoen. Des Entspaanung hĂ«lleft dem Organismus ( Kierper an Geescht) fier seng eegen “Selbstheelungs-kräften” rem ze aktivĂ©iren.

Regelméissegen Shiastu dréit derzou bei mei Kloerheet fier daat alldeeglegt Liewen ze fannen an och ennerlech mei zur Rouh ze kommen. 

Eng ganzheetlech Approche

asiatesch Liewensphilosophie

Ki bedĂ©it “vital Liewens-energie”

Ki zirkulĂ©iert och am Kierper, an “Energiebunnen / Kanäl” dei Meridian genannt ginn.

Den Iokaï-Shiatsu as vum  S. Masunaga entweckelt ginn. Heen huet sech op joerdausend aalt Chinesecht Wëssen an op dei Japenesch Traditioun vun Anma baséiert. Den Iokaï-Shiatsu schafft matt den Meridianen iwert den ganzen Kierper.

Vun dohier kann sech eng Verspaannung och lĂ©isen, andeems een matt enger aanerer KierperrĂ©gioun schaftt, wei do wou sech d’Spannung wĂ©ist. 

Shiatsu

Waat si Soen

WĂ©i ?

Am Shiatsu schaffen mer traditonnel op enger spezieller Matt um Buedem. Et ass och méiglech am Sêtzen op engem Stull ze schaffen. 

Beim Shiatsu bléiwt en ganz ungedoen ( ideal ass konfortabelt Gezéii oder eng leggings oder Yoga-tenue). 

WĂ©i laang?

Eng Shiatsu-sessioun dauert meeschtens eng Stonn.

Et ass och méiglech an engem spezifechen Shiatsu, nemmen matt ären Hänn, Féiss oder ieweschtem Reck an Schelleren ze schaffen, während ongeféier 30 min.

Iwert d'Maud

WĂ©i ech zesummen schaffen gesinn ?

Et ass mer wichteg d’ Vertrauen vun mengem Shiatsu-partneren ze honorĂ©iren, esou datt  si duerch den Shiatsu erem zu hieren eegenen Stärkten kĂ«nnen fannen, fier hier nächst SchrĂ«tt an hierem Liewen matt mĂ©i Liichtegkeet  ze maan.

Shiatsu-partner, well fier mech Shiatsu fonctionnéiert, wann dei zwee Léit bereed sinn sech drop an ze loossen.

MĂ©in Wee huet mech iwert d’Aarbecht bei enger Bank zu engem Psychologie-Studium ( Master-Diplom) an der Aarbecht an psycho-sozialen Kontexter gefouert.

Dest haat gudd bei mech gepasst, well ech esou wuel meng staark mental, rational analytesch Fähegkeeten, wéi meng Sensibilitéit konnt notzen fier dee Mensch matt deem ech am Gesrpéich war ze erfaassen an ze verstoen. Als Formateur an der beruflecher an perséinlecher Erwuessenen-Bildung hunn ech Gruppen geleed.

Waat mer allerding an deer Arbecht gefeelt huet, war déi direkt Aarbecht och mam Kierper.

Esou hunn ech 2014, den Basis-cours ( Niveau 1) beim Adela C. Garay, hei zu LĂ«tzebuerg, gemaat.

Ech hun meng Shiatsu-formatioun an der déitscher Iokaï-schoul, mam Tilman Gaebler (Niveau 2 an 3) an dem Sasaki Kasunori senseï (niveau 4 -aug. 2018) weider gemaat.

Den 19.01.2019, hunn ech den prakteschen Deel fier d’Certificatioun zum IokaĂŻ-Shiatsu Practioner präsentĂ©iert an validĂ©iert.

Den Sasaki Kasunori senseĂŻ, war en langjähregen Assistent vum S. Masunaga, an huet d’Leedung vun den IokaĂŻ-Schoulen an Europa.  (E.I.S.A. – European IokaĂŻ Shiatsu Association)

MĂ©i Informatioun

.

Verschidden Manéieren am Shiatsu ze schaffen: 

  • Was ist Shiatsu?  von MarisaFröhlich aus Fulda

Rachel Eugène : ” Une année de bien-être avec le Shiatsu “

Um Site vun IokaĂŻ Deitschland, ennert downloads fannt dier och interessant Artikelen, notamment iwert d’Philosophie dei hannert dem Shiatsu steet.

Accessibel Biicher  an Artikelen, iwert Shiatsu wei och philosophesch Hannergrënn an mengem Blog:

https://www.maud.lu/blog/shiatsu-more/

 

Shiatsu fier Iech ?

Meindes  – Freides  10:00 – 20:00
Samsdes  10:00 -15:00

An mengem Shiatsu-raum zu Rodange

Rufft mer unn an loosst  mer weg en Message an är Telephons-nummer op mengem Répondeur.

Tel : 50 89 63