En éischten Shiatsu

Dem Marie-Sarah sein Feedback

Alles an allem war et fir mech eng mega Erfahrung, déi ech esou nach net matgemeet hunn.

Ech konnt mäin Kierper ob eng aner Aart an Weis kenne leieren an spieren an och besser verstoen.

Marie-Sarah B., 24 Joer -oct 2020

Wéi op d'Idee komm?

Méin Numm ass Marie-Sarah, ech hunn nach ni virdrunner Shiatsu gemeet an kennen mech an dem spezifeschen Beräich och net aus. Ech krut vun enger Frëndin déi heiten Adresse uginn an hunn mech mol einfach iwwerraschen gelooss wat ob mech duer kommen géif.

Ech sinn fest dovun iwerzeecht dass dat Mentaalt an Kierperlech zesummen gehéiert an déi zwee sech ausgläichen.

D’ Sëtzung huet ugefangen (nodeems een sech natierlech fir gestallt huet) an deem’ s mir d’Maud erkläert huet em wat et am Shiatsu konkret geet an mir déi verschidden Organer, hier energeetesch Fonktiounen, hier Positiounen am Kierper an hiert zesummen schaffen erkläert huet.

Dono ass et lass gaangen mam Kierperlechen schaffen.

Wei hunn ech et Erliewt ?

Alles an allem war et fir mech eng mega Erfahrung déi ech esou nach net matgemeet hunn ech konnt mäin Kierper ob eng aner Aart an weis kenne leieren an spieren an och besser verstoen.

Maud war déi ganzen Zäiten frëndlech an professionell an ech hunn mech extrem wuel gefillt: vun der Beratung hier, dem Schaffen, dem Kierper Kontakt an och no der Sëtzung mat weideren Erklärungen an Tipps an Trick ‘s (och wëll een sech no enger Sëtzung extrem midd, am positiven Sënn, fillen kann).

wann een mech geif froen ?

Ech perséinlech kann déi Adresse/Maud an den Shiatsu gudden Gewëssens weider empfehlen fir déi Persounen déi sech fir den Beräich intresséieren an bereed sinn sech op déi Art Zesummen-schaffen an zelossen, an fir déi, déi hiren Kierper an hiert Mentaalt besser wëllen kennen leieren an verstoen.

Marie-Sarah B., 24 Joer – oct 2020 –